Dirigent

Den Andy Loor ass e lëtzebuergesche Sänger an Dirigent.
Säi musikalesche Wee huet als jonke Perkussionist a verschiddenen Ensembelen, sou wéi an der Foulschter Musek (Fanfare Union Folschette) ugefaangen. Wéi hien an de Conservatoire du Nord komm ass, huet hie virun allem Uergel bei de renomméierten Organisten Carlo Hommel a Maurice Clement geléiert. Spéider huet hie sech op d’Chouerleedung beim Martin Folz an op de klassesche Gesang bei der Mariette Lentz konzentréiert. 2016 huet hien de Prix Supérieur am Sologesank kritt.
An Zesummenaarbecht mat den Ensembelen Eurocantica an dem Kamerkoor Maastricht, sou wéi bei de Produktioune vun der Classe d’art lyrique vum Conservatoire du Nord, ass hien als Solist opgetrueden. Am Februar 2014 ass hien an der Oper Rinaldo vum Georg Friedrich Haendel, déi am CAPE opgefouert gouf, als Solist an enger Haaptroll opgetrueden.
2016 huet hien de Masterstudium an der Chouerleedung beim Ludo Claesen am Conservatoire zu Maastricht, souwéi den Diplôme du 1er Prix an der Orchesterdirektioun (Klass vum Carlo Jans am Conservatoire de la Ville de Luxembourg) ofgeschloss. Dono huet hien nach e Studium fir moderne Gesang um Complete Vocal Institute zu Kopenhagen gemeet.

Eis Dirigenten:

J.A. Zinnen 1851-1913
Eugène KLEIN  1913–1940
M. NOEL 1940–1950
J.P.LASSANS; 1950–1952
Jos KINZE 1952–1992
Jos STUTZ  1992–2003
Raymond MAJERUS 2004-2014
Andy LOOR 2014 à ce jour