FAQ

Muss ee Solfège gemaach hunn fir bei de Sängerbond sangen ze kommen ?

Neen, et muss een net an enger Museksschoul gewiescht sinn. Dir kennt och op Gehéier sangen.

Wéini a wou gëtt geprouft ?

De Sängerbond prouft all Dënschdeg (ausser an der Schoulvakanz) vun 19.30-21.30 an der Grondschoul (di fréier Jongeschoul) direkt hannert der Kierch.

Muss een e Mindestalter hunn respektiv gëtt et eng Alterslimit

De Mindestalter fir bei eis sangen ze kommen ass 14 Joer. No uewen hin si keng Grenze gesat, souwäit een sech nach fit genuch fillt fir op Concerte laang ze stoen an een seng Tounsécherheet nach ëmmer huet.

Muss een eng Gesangsausbildung gemaach hunn, fir bei iech ze kommen?

Neen, mir sinn een Ensembel bestoend aus Hobby-Sänger a si frou iwwert all neie Member dee Spaass um Sangen huet.

Muss ee virsangen fir beim Veräin opgeholl ze ginn?

Neen, eisen Dirigent verlaangt keen eenzel Virsangen. Wann een awer fir sech wësse well wou ee gesanglech steet, duerf een sech gäre vum Andy „teste“ loossen.

Wéi oft sinn Optrëtter?

De Sängerbond trëtt an der Reegel zwëschen 2-4x am Joer mat verschiddene Programmer an deelweis a verschiddene Formatiounen op

Ass de Sängerbond ee Kierchechouer?

Mir sange fir speziell Geleeënheeten och alt mol Massen, mee mir sinn ee weltleche Chouer a sangen net all Sonndeg an der Kierch.

Mécht de Veräin och Aktivitéiten déi nächst mam Sangen ze dinn hunn?

Jo, de Sängerbond ass ee ganz gesellege Veräin a mir ginn oft ze engem flotte klenge Grupp no der Prouf ee Patt drénken. Och fueren mir all 2 Joer ee flotten Ausflug maachen. De Sängerbond ass sech och net ze schued um Ouschtermaart d’Roue de la Fortune ze betreien oder beim Cactus ze grillen.

Huet de Sängerbond eng Uniform?

Eise Chouer trëtt an der Reegel a schwaarzem Gezei op. Fir eis Dammen ass dat eng laang Box oder Jupe mat enger Bluse oder Pullover matt laangen Ärem. Eis Hären din een däischtere Kostüm un mat engem wäissen Hiem. Jee no Zesummesetzung vum Chouer benotze mir Accessoiren wéi eise Lila Schal oder mol eng rout Blimmchen, heinasdo awer och einfach ganz schwaarz.