SÄNGERBOND

D’Chorale Municipale Sängerbond Dikrech, sou wéi et offiziell heescht, ass ee weltleche Chouer dee well 1851 als Liedertafel gegrënnt gouf an eis domat zu engem vun deenen eelste Chéier aus dem Land mécht. Dëst heescht awer net datt mir „al“ sinn. Matt eisem jonken an dynameschen Dirigent Andy Loor probéiert de Sängerbond sech all Saison erëm nei z’erfannen. All Saison si mir erëm nei gefuerdert well all Genre vu Musek eis gefält, sief et grouss Wierker mat Orchester, Gospel mat Jazzband oder Chansons françaises. Och sange mir gären mat anere Kéier zesummen, alles am Sënn vun der Musek an dem Gesang. Dëst alles gëtt flott Impulser a mécht d’Sangen am Veräin ëm sou méi interessant. Langweil kenne mir net, virun allem well mir och ganz geselleg sinn a net ëmmer op d’Auer kucken wa mir no enger Prouf oder engem Concert beim Patt stinn. Genee des flott Mëschung mécht de Sängerbond zu eppes ganz Besonneschem.

Klassesch Wierker:
Messias GeorgFriedrich Händel
Nelson MesseJoseph Haydn
die 4 JahrenszeitenJoseph Haydn
Die Suchenden, Vareser Te Deum, WillibrodusmesseJos Kinzé
« Messe in G »Franz Schubert
Das Lied von der GlockeAndreas Romberg
Der Geiger von EchternachLou Koster
Moderne Repertoire:
Fields of GoldSting
Across the vast eternal skyOla Gjeilo
Blue SkiesIrving Berlin
Chansons françaises :
NathalieGilbert Bécaud
Les Lacs du ConnemaraMichel Sardou
L’Hymne à l’amourEdith Piaf
Gospel :
Dry Bones
Wade in the water
The battle of Jericho

an nach ganz vill méi…..