“Let’s Sing Movies”
Samedi, 3 mai à 20h
Dimanche, 4 mai à 17h
Salle des fêtes du Lycée Classique de Diekirch (av. de la Gare)
Ënnert der Leedung vum Andy Loor, deen no 10 Joer erfollegräicher Choueraarbecht mat dësem Concert „Äddi“ seet, presentéieren d’Chorale Municipale Sängerbond Dikrech & den Ensemble Vocal Eurocantica (dirigéiert vum Daniel Lang) déi beléiftste Melodien aus der Welt vum Film a versetzen de Public, ënnerstëtzt vu Sourround-Toun, a Kinostëmmung. Um Programm stinn een Disney-Musical-Medley sou wéi déi bekanntest Lidder aus de Filmer „A star is born“ oder „Titanic”. De Jos Majerus suergt um Piano fir déi perfekt musikalesch Begleedung.
Loost iech entféieren an di faszinéierend Welt vum Kino.
TICKETS:
20€ / 10€ /<12 – free
tickets.sbd@gmail.com
T: 691 395 115