Interesse?

„Sange mécht einfach Spaass!“ Freed ass déi Niewewierkung vum Sangen, déi een am meeschte gesäit.

Sangen huet vill positiv Auswierkungen op Kierper a Geescht – a bréngt d’Mënschen iwwerall op der Welt beieneen. Sangen ass gesond. Et verbessert d’Haltung, stäerkt eis Ofwierkräften, bréngt de Kreesleef a Schwong an mécht glécklech. Datt d’Sangen d’Stëmmung verbessert a glécklech mécht, gouf an Etüden nogewisen. Schonn no enger hallwer Stonn, gi beim Sangen kierpereegen Hormoner ausgeschott. Domat verbessert sich eise Gefillszoustand a gläichzäiteg gi d’Stresshormoner ofgebaut. Sangen ass Medezin a misst vum Dokter verschriwwe gi, well wie reegelméisseg sengt, bleift méi laang gesond.

Mee Gesang kann nach vill méi: Beim Sangen gëtt eng enk Bezéiung zu de Kolleege opgebaut, an dofir ass verstäerkt d’Sangen am Chouer nach méi eis Stëmmung, wéi wann een eleng fir sech sengt.

Wéini a wou gëtt geprouft ? De Sängerbond prouft all Dënschdeg (ausser an der Schoulvakanz) vun 19.30-21.30 an der Grondschoul zu Dikrich (di fréier Jongeschoul) direkt hannert der Kierch.

Fir frou ze sinn brauch een also net vill. Zéck net a komm an eis nächst Prouf. Mir feeën eis op all neie Member. Bis geschwënn.

Dir wëllt bei eis sange kommen ? Dann zéckt nët an rufft eis un!

Manfred Logeling, Präsident: 621 787 062

Andy Loor, Dirigent: 661 754 468

Dir kennt eis awer och gäre schreiwen op e-mail: sb.diekirch@gmail.com