CANTEMUS A CAPELLA

SONNDEG, 15. MÄERZ 2026 UM 17 AUER

PARKIERCH DIKRECH

Maîtrise Sainte-Cécile de la Cathédrale Notre-Dame de Luxembourg

Mat Wierker vun: Félix Mendelssohn Bartholdy, John Rutter, Rihards Dubra, Josef Rheinberger a.v.a.

Marc DostertDirektioun.

D’Maîtrise aus der Kathedral presentéiert mat CANTEMUS A CAPELLA e beandrockende Programm mat sakraler Chouermusek, ganz ouni Instrumenter. Mat grousser stilistescher, epochaler an textlecher Diversitéit, erliewe mir ee Concert mat Chouermusek a senger rengster Form.

De Félix Mendelssohn Bartholdy an de Josef Rheinberger sti fir de romantesche Räichtum vu Kläng aus dem 19. Joerhonnert, wärend den John Rutter an de Rihards Dubra mat schwiewenden Harmonien a moderner Tounsprooch dat Spirituellt an d’Géigewaart bréngen.

Vun däitscher Romantik, iwwer brittesch Eleganz bis hin zu baltescher Mystik. E Concert mat Klang, Faarf an Intensitéit. „Wenn nur die Stimme bleibt, spricht die Musik am tiefsten.“

www.maitrise.lu

Präis 25€ / 15€ / Kulturpass
Reservatioun ab dem 01.03.2026 !
T. 691 39 51 15 / tickets.sbd@gmail.com