D’Chorale Municipale Sängerbond Dikrech, sou wéi et offiziell heescht, ass ee weltleche Chouer dee well 1851 als Liedertafel gegrënnt gouf an eis domat zu engem vun deenen eelste Chéier aus dem Land mécht. Dëst heescht awer net datt mir „al“ sinn. Matt eisem jonken an dynameschen Dirigent Andy Loor probéiert de Sängerbond sech all Saison erëm nei z’erfannen. All Saison si mir erëm nei gefuerdert well all Genre vu Musek eis gefält, sief et grouss Wierker mat Orchester, Gospel mat Jazzband oder Chansons françaises. Och sange mir gären mat anere Kéier zesummen, alles am Sënn vun der Musek an dem Gesang. Dëst alles gëtt flott Impulser a mécht d’Sangen am Veräin ëm sou méi interessant. Langweil kenne mir net, virun allem well mir och ganz geselleg sinn a net ëmmer op d’Auer kucken wa mir no enger Prouf oder engem Concert beim Patt stinn. Genee des flott Mëschung mécht de Sängerbond zu eppes ganz Besonneschem.

Klassesch Wierker: | |
Messias Georg | Friedrich Händel |
Nelson Messe | Joseph Haydn |
die 4 Jahrenszeiten | Joseph Haydn |
Die Suchenden, Vareser Te Deum, Willibrodusmesse | Jos Kinzé |
« Messe in G » | Franz Schubert |
Das Lied von der Glocke | Andreas Romberg |
Der Geiger von Echternach | Lou Koster |
Moderne Repertoire: | |
Fields of Gold | Sting |
Across the vast eternal sky | Ola Gjeilo |
Blue Skies | Irving Berlin |
Chansons françaises : | |
Nathalie | Gilbert Bécaud |
Les Lacs du Connemara | Michel Sardou |
L’Hymne à l’amour | Edith Piaf |
Gospel : | |
Dry Bones | |
Wade in the water | |
The battle of Jericho |
an nach ganz vill méi…..