SAMSCHDEG, DE 26. SEPTEMBER 2026 UM 16.00 AUER
PARKIERCH DIKRECH
Kammerchouer vum Kölner Männergesangverein

Frëndschaft an Harmonie iwwert d’Grenzen ewech – eng musikalesch Bréck tëscht Dikrech a Köln.
Bernhard Steiner, Direktioun. Benedikt Nagel Piano.
Wa Musek verbënnt, kennt Frëndschaft keng Grenzen: Ënnert dem Motto „Der Klang der Freundschaft – Köln grüßt Diekirch“ presentéiert de Kammerchouer vum Kölner Männer-Gesang-Verein (KMGV) ee festlechen an ofwiesslungsräiche Programm. De Kammerchouer, bestoend aus engagéierte Stëmme vum traditiounsräiche KMGV, steet ënnert der Leedung vum Bernhard Steiner, ënnerstëtzt vum sengem Adjoint Benedict Nagel.
De Bernhard Steiner ass säit iwwer 20 Joer kënschtleresche Leeder vum KMGV. Seng Karriär féiert hie vun de Wiener Sängerknaben, de Bayreuther Festspielen bei d’Berliner an d’Hamburger Symphoniker. Hie war Chefdirigent vun de Bayer-Philharmoniker an huet op den Héichschoulen zu Essen a Graz ënnerriicht. Duerch seng grouss Erfarung an der Chouerleedung steet hie fir stëmmlech Klangkultur a lieweg Ensembelsaarbecht. Dëse Concert feiert d’Verbindung an d’Frëndschaft tëscht Dikrech a Köln.
Präis 25€ / 15€ / Kulturpass
Reservatioun ab dem 15.09.2026 !
T. 691 39 51 15 / tickets.sbd@gmail.com

