Dirigent



De JEAN-PAUL MAJERUS huet Gesang beim Carmen Welter ugefaangen, ier hien sech am Mozarteum zu Salzburg an der Klass vum Walter Raninger weidergebilt huet. Zu där Zäit ass hie reegelméisseg als Solist opgetrueden, besonnesch bei Concerten am Salzburger Doum.

Vun 1983 bis 1987 huet hien sech op Chouer- an Orchesterleedung spezialiséiert, dëst bei grousse Meeschtere wéi Anglberger, Harnoncourt a Schmit-Gaden.

Zënter 1988 huet hie vill Ensembelen dirigéiert, dorënner d’Chorale Sainte Cécile vun Dikrech an d’Maîtrise vun der Kathedral Notre-Dame zu Lëtzebuerg. Hien ass och Grënner a musikalesche Leeder vum Ensemble Vocal CANTICA.

Als Musekspädagog staark engagéiert, huet de Jean-Paul am Kader vu sengen Aktivitéiten an der Grondschoul vu Wolz, och Musicals fir Kanner geschriwwen.

Hie war feste Member vum Arsys Bourgogne an huet zënter Mee 2025 d’Leedung vun der Chorale Municipale Sängerbond Dikrech.

Hien ass och an der Entente des Chorales vun Dikrech aktiv, bei där hien 2024 Noël en lumière 2.0 dirigéiert huet.

Eis Dirigenten:

J.A. Zinnen 1851-1913
Eugène KLEIN  1913–1940
M. NOEL 1940–1950
J.P.LASSANS; 1950–1952
Jos KINZE 1952–1992
Jos STUTZ  1992–2003
Raymond MAJERUS 2004-2014
Andy LOOR 2014-2025
Jean-Paul MAJERUS ab 2025