Muss ee Solfège gemaach hunn fir bei de Sängerbond sangen ze kommen ?
Neen, et muss een net an enger Museksschoul gewiescht sinn. Dir kennt och op Gehéier sangen.
Wéini a wou gëtt geprouft ?
De Sängerbond prouft all Dënschdeg vun 19.30-21.30 an der Grondschoul (di fréier Jongeschoul) direkt hannert der Kierch.
Muss een e Mindestalter hunn?
De Mindestalter fir bei eis sangen ze kommen ass 14 Joer.
Muss een eng Gesangsausbildung gemaach hunn, fir bei iech ze kommen?
Neen, mir sinn een Ensembel bestoend aus Hobby-Sänger a si frou iwwert all neie Member dee Spaass um Sangen huet.
Wéi oft sinn Optrëtter?
De Sängerbond trëtt an der Reegel zwëschen 2-4x am Joer mat verschiddene Programmer an deelweis a verschiddene Formatiounen op
Ass de Sängerbond ee Kierchechouer?
Mir sange fir speziell Geleeënheeten och alt mol Massen, mee mir sinn ee weltleche Chouer a sangen net all Sonndeg an der Kierch.
Mécht de Veräin och Aktivitéiten déi nächst mam Sangen ze dinn hunn?
Jo, de Sängerbond ass ee ganz gesellege Veräin a mir ginn oft ze engem flotte klenge Grupp no der Prouf ee Patt drénken. Och fueren mir all 2 Joer ee flotten Ausflug maachen.
