GESANGSDAG: Workshopen, Ateliere fir Kanner & Concerten.

SAMSCHDEG 27.06.2026 ab 11.00 Auer – AL KIERCH
CMNord / INECC

11.00 – 13.00 Sing-Along-Workshop mam Annick Hermann, CMNord

Zilpublikum: All Sänger*innen, déi Freed hunn zesummen ze Musizéieren a Sangen!     Workshopleader: D’Annick Hermann ass Enseignant fir Chant Moderne am CMNord a spezialiséiertsbildung ass keng Viraussetzung.
www.cmnord.lu

Alter: Ab 14 Joer (Keng Alterslimitt)
Präis: GRATIS  
Umeldung: tickets.sbd@gmail.com (ab dem 15.06.2026) 

14.00 – 16.30 Circle Songs, Workshop mam Nicolas Billaux & Jeff Mack, INECC 
16.45 – Best of Circle Songs, Ofschloss vum Workshop                                            

Wat erwaart iech? De Circle Song ass eng matrappend Form vun Improvisatioun A-cappella-Gesang. Am Kees gi mat der Stëmm Klanglandschafen, Rhythmen a Melodien produzéiert, ganz ouni Noutenm nëmmen duerch Lauschteren, Reagéieren a Matgestalten. De Workshop riicht sech un all, déi gär sangen. Oppenheet, Virwëtz a Loscht um Klang stinn am Mëttelpunkt.  Eng Gesangsausbildung ass keng Viraussetzung. 
Workshopleader: De Nicolas Billaux beschäftegt sech haaptsächlech mat Pratiques d’Ensembles a Gesangimprovisatioun. Als Chouerdirigent, Oboist an Enseignant probéiert hien d’Musek fir jiddereen zougänglech ze maan.  De Jeff Mack huet sech no senger Ausbildung als Trompettist a Sänger op Barock- an zäitgenëssesche Gesang spezialiséiert an animéiert ënnert anerem zesumme mam Nicolas Billaux Workshopen bei der INECC.
Fir den Ofschloss vum Workshop, kann de Public an di Al Kierch luussen kommen a sech dovun iwwerzeegen wéi flott Chouergesang ass.  
www.inecc.lu

Alter: Ab 14 Joer (Keng Alterslimitt) 
Präis: GRATIS 
Umeldung: tickets.sbd@gmail.com (ab dem 15.06.2026) 

                                       

17.30        Concert
Chouerschoul aus dem Conservatoire du Nord 
GEISTER, FABELWESEN UND DAS ÜBERSINNLICHE 
Een Owend voller Fantasie a Klangzauber – D’ Kanner aus der Chouerschoul reesen an d’Märchewelt. 
Anette Fischer-Lichdi , Piano. Matthias Rajczyk, Direktioun.  

D’Chouerschoul vum Conservatoire du Nord mat senge Chéier MINIVOX, CANTIX, MELODIX an HARMONIX invitéieren op een aussergewéinleche Concert: ënnert der Leedung vum Matthias Rajczyk entféieren d’Kanner- a Jugendchéier de Public an eng Welt, an där Niewelgestalten pësperen, Fabelwiesen danzen a geheimnisvoll Kläng d’Loft erfëllen.
Zesumme mam Anette Fischer-Lichdi um Piano presentéieren di jonk Sängerinnen a Sänger e faarweräiche Programm, vu schauereg-schéine Chouerwierker bis zu méi lëschtege Lidder. Bekannt Melodiën, wéi d’Filmmusek aus Harry Potter oder Der Herr der Ringe, an iwwerraschend Entdeckunge loossen d’ Grenz tëschent Wierklechkeet a Fantasie verschwammen.
Dësen Owend versprécht Héngerhautmomenter a lëschteg Iwwerraschunge fir d’ganz Famill. Loosst Iech verzauberen an erlieft, wéi lieweg a pakend Chouermusek ka sinn. 
www.conservatoire-nord.lu/musique/  

PRÄIS: GRATIS

SONNDEG 28.06.2026 ab 14.00 Auer – MH(s)D /AL KIERCH
Dikrecher Solschlësselcher

14.00 & 15.00 Ateliere mat deene ganz Klengen mam Maike Wendt
(Sollebutzen) am MH(s)D

Zilpublikum: All Kanner vu 5 – 15 Joer déi Loscht um Sangen a Musizéieren hunn.
Wat erwaart iech? An dësem Atelier gëtt gesongen, musizéiert a gebastelt an d’Freed un der Musek vermëttelt. 
D’Maike Wendt ass eng jonk Dirigentin déi sech intensiv fir de Nowuess vum Chouergesang engagéiert.  

Präis: GRATIS  
Umeldung: tickets.sbd@gmail.com (ab dem 15.06.2026) 

18.00 Ofschlossconcert mat de Sollebutzen an den Dikrecher Solschlësselcher an der Aler Kierch                                                                               
SUMMERCONCERT 
D’ Sollebutzen & d’Sollen presentéieren hire faarwegen an sprëtzege Concert.
N.N., Piano. Maike Wendt, Direktioun Sollebutzen. Daniel Mujzer, Direktioun Sollen.

1960 huet de Jos Kinzé de renge Meedercherschouer „Dikricher Solschlësselcher” gegrënnt.     Kreativ Projeten a Kooperatiounen, wéi mat der “Entente des Chorales de Diekirch”, ergänzen hier grouss musikalesch Aktivitéiten zwou Gruppen: Bei de Sollebutzen, ab 5 Joer a geleet vum Maike Wendt, entdecken di Kleng spilleresch hier Stëmm, Rhythmus a Freed um Sangen. D’Sollen, ee Grupp vu Jugendlechen ab 16 Joer a jonken Erwuessenen, sti säit Januar 2025 ënnert der Leedung vum Daniel Mujzer a bestieche mat engem souveränen a moderne Chouerklang.
D’Solschlësselcher sange mat Häerz, Oppenheet an engem staarken Zesummenhalt. Hiere Repertoire geet vu lëtzebuergeschen an internationale Vollekslidder,  iwwert Popsongs, Musicals a Filmmusik bis hin zu geeschtlechen an zäitgenëssesche Chouerstécker. Kreativ Projeten a Kooperatiounen, wéi mat der “Entente des Chorales de Diekirch”, ergänzen hier grouss musikalesch Aktivitéiten. 
www.facebook.com/dikrichersolschlesselcher

PRÄIS CONCERT: Quête nom Concert