HOMMAGE À JOS KINZE

SAMSCHDEG 13. MÄERZ 2027 UM 20.00 AUER – PARKIERCH BETEBUERG

SONNDEG 14.MÄERZ 2027 UM 17.00 AUER – PARKIERCH DIKRECH

Chorale Municipale Sängerbond Dikrech, Chorale Municipale Sängerfreed Betebuerg, Orchestre de Chambre Estro Armonico.

Ofschlossconcert fir d’Feierlechkeeten vum 175. Anniversaire Zesummen erënneren – Zesumme sangen – Een Owend fir de Jos Kinzé

Manfred Logeling, Bass. Maurice Clement Uergel. Guy Goethals. Direktioun Estro Armonico.      

Jean-Paul Majerus (DK) & Nancy Back-Kelsen (BB), Direktioun. Jean-Marie Dillmann, Conférencier.

Den Ofschlossconcert steet am Zeechen vun Erënnerung, Dankbarkeet an Unerkennung an ass deem
Mann gewidmet, deen iwwer Joerzéngten ewech dat musikalescht Gesiicht vum Chouer war: De Jos
Kinzé.

Als Dirigent an inspiréierende Komponist huet de Jos Kinzé d’Chouerlandschaft zu Lëtzebuerg gepräägt a war fir vill lëtzebuerger Kënschtler a Museker och musikalesche Papp a Mentor. Seng Kompositioune charakteriséiere sech duerch emotional Déift, stilistesch Kloerheet an enger ënnerer Rou, déi wäit iwwert de Moment eraus wierkt.
Niewent dem Dikrecher Sängerbond war de Jos Kinzé laang Joren och Dirigent vun der Chorale
Municipale Sängerfreed Bettembourg an huet duerch déi gemeinsam Concerte musikalesch Brécke
geschloen. Doru gëtt dësen Owend ugeknëppt an zesumme mat deenen zwee Chéier entsteet een
Ensembel vu ronn 130 Stëmmen.

Um Programm stinn zwee zentral Wierker aus dem Jos Kinzé senger Fieder:
De „Vareser Te Deum“, geschriwwe fir den 150. Gebuertsdag vum Sängerbond, ee feierlecht a
majestéitescht Wierk, dat däitlech dem Jos Kinzé seng Handschrëft dréit an zu de Schlësselwierker vum Kinzé senge kierchleche Kompositiounen zielt.
D‘„Lombardesch Passioun“, uropgefouert 1992 mam Fernand Koenig als Solist, gehéiert zu senge
markantste sakrale Wierker: Sensibel an dramatesch, voller Hoffnung an eng Liebeserklärung un
d’Lombardei.

Präis 25€ / 15€ / Kulturpass
Reservatioun ab dem 01.03.2027 !
T. 691 39 51 15 / tickets.sbd@gmail.com