SONNDEG, 26. ABRËLL 2026 UM 10.30 AUER
PARKIERCH DIKRECH

Mass fir déi verstuerwe Membere vum Dikrecher Sängerbond um 199. Gebuertsdag vum Jean Antoine Zinnen.
Raymond Majerus, Direktioun.
Um éischten Oktavsonndeg séngt de Männerchouer “Chorale Ste Cécile vun Dikrich” eng feierlech Mass fir déi verstuerwe Membere vum Dikrecher Sängerbond, déi de Veräin am Laf vun den 175 Joer Bestoe verlooss hunn.
Zugläich soll dës Mass awer och een Hommage un de Jean-Antoine Zinnen (1827–1898) sinn. Hie war Komponist, Dirigent a Musekspädagog an zielt zu den zentrale Figure vun der Lëtzebuerger Museksgeschicht. Als Grënner vum Dikrecher Sängerbond a Komponist vun eiser Nationalhymne „Ons Heemecht“ huet hien enger jonker Natioun eng musikalesch Stëmm ginn.
Dësen Dag wäerten d’Häre vum Kierchechouer eng Laudatio sangen op de Männerchouer „Liedertafel“, deen 1851 gegrënnt gouf an zanter 1864 als „Sängerbund“ bekannt ass. Am Joer 1940 krut de Chouer offiziell den Numm „Sängerbond“ an huet sech 1952 zu engem gemëschte Chouer entwéckelt, esou, wéi mir en haut kennen. 1891 huet sech aus dem Sängerbund ee Grupp Männer getrennt an mat Bouwen den Caecilieveräin gegrënnt, deen ausschliisslech d’Gottesdéngschter an der Kierch verschéinert huet. Esou ass déi haiteg Chorale Ste Cécile entstanen, mat där de Sängerbond nach haut eng gutt Zesummenaarbecht an eng déif Frëndschaft verbënnt.
https://www.chorale-ste-cecile-diekirch.lu
Präis: GRATIS!
