LËTZEBUERGER MELODIEN

DONNESCHTEG, DEN 9. JULI 2026 UM 20.00 AUER

AL KIERCH DIKRECH

Chorale Municipale Sängerbond Dikrech

Optaktconcert vun „Al Dikkrich“: Eng Rees duerch de musikalesche Charme vun „Al Dikkrich“

 Jean-Paul Majerus, Direktioun. Jos Majerus, Piano. 

Fir den Optakt vun Al Dikkrich, presentéiert den Dikrecher Sängerbond lëtzebuerger Melodien déi souwuel aus Lëtzebuerger Operetten a Revuë stamen, wéi awer och Chansonen aus dem Lëtzebuerg vun deemools, sprëtzeg arrangéiert a frësch interpretéiert. Am Häerz vun der Dikrecher Alstad, der Aler Kierch, gëtt de Public matt humorvollen an nostalgesche Melodien a Kiermesstëmmung bruecht. Ee Programm voller lokalem Flair a mat vill Gespier fir d’Sprooch, d’Stëmmung an d’Traditioun op enger Plaz wou gefeiert, gelaacht a gesonge gëtt.


Een Hommage un d’lokal Kulturzeen, un de Lëtzebuerger Humor, Dialekt an déi besonnesch Melancholie, déi sech tëscht de Noute verstoppt. Lëtzebuerger Melodien, Traditioun mat engem neie Klang, humorvoll, charmant an authentesch. Fir jiddereen deen sech gären op di gutt al Zäite besënnt oder deen, deen se nach wëll kenne léieren!

www.aldikkrich.lu

Präis: Quête nom Concert fir ee gudden Zweck