NOËL EN LUMIÉRE 2026

SAMSCHDEG 13. DEZEMBER 2026 um 20.00 Auer & SONNDEG 14. DEZEMBER 2026 um 17.00 Auer

PARKIERCH DIKRECH

Entente des Chorales de Diekirch

Chrëschtdagsconcert 2026 – Méi Musek. Méi Luucht. Méi Zauber an ee Rendez-vous fir d’Sënner, d’Erënnerung an d’Häerz.

Jean-Paul Majerus, Direktioun. Paul Hoffmann, Liichteffekter. Ensemble de cuivres Magnifica Paräis.

No dem groussen Erfolleg am Dezember 2024 knëppt d’Entente des Chorales de Diekirch un d’Erfollegsgeschicht un a preparéiert eng nach méi spektakulär Opféierung fir 2026. Déi véier lokal Gesangsveräiner (Chorale Municipale Sängerbond, Chorale Ste Cécile, Ensemble Vocal Cantica et Ensemble de Jeunes Dikricher Solschlësselcher) presentéieren e grousse Concert mat engem villfältege Chrëschtrepertoire.


Zesumme mam renomméierte Blechbléiserensemble MAGNIFICA vu Paräis, sangen a musizéieren iwwer 90 Sänger*innen, hauseege Solisten*innen a Museker a versetzen de Public mat nei arrangéierte Melodien an déi richteg Chrëschtdagsstëmmung.  Mat enger nach méi kreativer Liichtregie, gëtt dëse Concert sécher en déifgräifend musikalescht Erliefnis.

Präis 25€ / 15€ / Kulturpass
Reservatioun ab dem 01.12.2026 !
T. 691 39 51 15 / tickets.sbd@gmail.com