OUVERTURE AUSSTELLUNG: Am Wandel vun den Zäiten

FREIDEG, DEN 05. JUNI 2026 UM 18.30 AUER

DIKRECHER GESCHICHTSMUSEE

Chorale Municipale Sängerbond Dikrech

Inauguratioun vun der Expo déi 175 Joer Dikrecher Sängerbond resüméiert. D’Austellung ass op vum 06. bis 28.06.2026 inclus.

Jean-Paul Majerus, Direktioun.

An der Ausstellung gëtt d’Geschicht vun 175 Joer Dikrecher Sängerbond op eng lieweg Aart a Weis erzielt. Iwwer zwee Stäck erlieft een eng Rees duerch déi wichtegst Etappe vum Dikrecher Sängerbond. Een Deel vun der Ausstellung ass dem Jos KINZÉ, laangjäregen Dirigent vum Sängerbond a Citoyen Méritant vun der Stad Dikrech gewidmet. Ee weideren Deel vun der Expo gëtt een Abléck an d’Veräinsliewen, mat Fotoe vun der Fuesend, dem Theater a lëschtegen Owender.


Mat raren Archivfotoen, Plakater, Fueskostümer, Jubiläums- a Fotobicher kritt de Public en authenteschen Abléck an d’Dikrecher Veräinskultur, de sozialen Zesummenhalt an déi musikalesch Erausfuerderungen duerch d’Zäiten.


Fir d’Inauguratioun vun der Ausstellung „Am Wandel vun den Zäiten“ presentéiert den Dikrecher Sängerbond e kuerze musikalesche Programm, dee symbolesch fir Fridden, Zesummenhalt a Verbindungen tëscht de Mënsche steet, iwwer Generatiounen ewech, esou wéi de Sängerbond et säit 175 Joer mécht.

www.mhsd.lu

Präis: GRATIS