SAMSCHDEG, DEN 18. ABRËLL 2026 UM 20 AUER
PARKIERCH DIKRECH
Ensemble Vocal Cantica Dikrech

“Petite”…sécher net. Nieft dem Stabat Mater dem Rossini säi gréisst sakraalt Wierk.
Gaby Wolter, Sopran. Myriam Pütz-Weisgerber, Alt. Marc Dostert, Tenor. Manfred Logeling, Bass. Alain Pütz, Piano. Daniel Muijzer, Akkordeon.
Jean-Paul Majerus, Direktioun.
Dem Rossini seng Petite Messe Solennelle gouf zu Passy, enger klenger Uertschaft bei Paräis komponéiert an zielt zum Rossini senge leschte Wierker, déi hie selwer als “péché de vieillesse” bezeechent huet. Mat 71 Joer kënnt den Operemeeschter iwwerraschend bei d’Kierchemusek zeréck a komponéiert eng Mass, déi wéi keng aner, Melodien an Harmonie aus der italieenescher Oper, zesumme mat Kontrapunkt à la Bach verbënnt.
Déi éischt, an dem Rossini seng léifst Versioun vun der Petite Messe solenelle ass fir Piano an Harmonium. Spéider huet de Rossini en zweete Piano derbäi komponéiert, ier hien dann op Wonsch eng Orchesterversioun geschriwwen huet. An dëser Opféierung héiere mir déi éischt Versioun. Den Harmonium gëtt ersat duerch en Akkordeon, eng frësch Klangfaarf, déi den typesche Rossini-Schwong charmant verstäerkt.
D’Petite Messe Solenelle, e Chef-d’œuvre mat grousser Spiritualitéit a musikalescher Originalitéit, sou wéi de Rossini selwer sot: “Est-ce de la musique sacrée que je viens de faire ou de la sacrée musique?”
Präis 25€ / 15€ / Kulturpass
Reservatioun ab dem 01.04.2026 !
T. 691 39 51 15 / tickets.sbd@gmail.com
