Pianist

De Jos Majerus (*1988) huet am Alter vu 7 Joer mat Solfège a Piano um « Conservatoire du Nord » ugefaangen. Vun 2000 bis 2010 léiert hien Uergel beim Maurice Clement. Säi Studium (Bachelor a Master) absolvéiert hien zwëschen 2010 an 2018 op de Musekshéichschoulen vu Luzern (CH) a Basel (CH). Niewent dem Haaptfach Uergel beim Elisabeth Zawadke, Johannes Strobl a Martin Sander léiert hien als zousätzlecht Instrument Cembalo beim Bettina Seeliger. Zanter September 2018 ass de Jos Haaptorganist vun der Basilika an Enseignant op der Iechternacher Museksschoul. Hien trëtt souwuel solistesch als Organist op, wéi och als Begleeder op der Uergel oder um Piano. Säi Repertoire an der Uergelmusek geet vum 17. bis an d’21. Joerhonnert.