Samsdes 2.12 ëm 20.00 Auer
Festsall LCD, av. de la Gare Dikrech
Wann ee Filmmusek héiert, kommen engem direkt d’Melodien aus senge Lieblingsfilmer an de Kapp. Am Bekanntesten sinn ouni Zweifel di grouss Orchesterwierker, déi eegens fir d’Filmer geschriwwe goufen. De Chouer spillt mol eng méi oder manner grouss Roll. Dofir huet den Dirigent Andy Loor decidéiert all Facette vu Gesangsstëmmen am Film ze weisen an huet verschidde Stécker fir dëse Concert extra arrangéiert.
Fir dëse flotte Projet, huet d’Chorale Municipale Sängerbond Dikrech sech Verstierkung gesicht. Ënnert dem Motto “Sängerbond & Friends” an zesumme matt engem Orchester, ginn deen Owend Stécker wéi “I see you” aus Avatar, “Dry your tears” aus Amistad, mee och Arrangementer aus “Pirates of the Carribean”, “Harry Potter” a “Skyfall” präsentiert.
Loosst iech entféieren an d’Welt vu Kino & TV an iwwerraschen vun engem “neie” Sängerbond deen sech fir dëse Concert mol op een aaneren Terrain wot. Erlieft een Owend voller Gefiller, Energie a gudder Laun.
Entrée: 25€ / 15€ Studenten / Kanner bis 12 Joër fräi / Reservatiounen ab dem 10.11.2023
