Veranstaltungen

“Let’s Sing Movies”

Samsdes, den 3.5 ëm 20.00 Auer
Sonndes, den 4.5. ëm 17.00 Auer
Am Festsall vum Dikrecher Kolléisch (av. de la Gare)

“Let’s Sing Movies” – Een onvergiessleche Concertsowend

D’Chorale Municipale Sängerbond Dikrech invitéiert häerzlech op ee ganz besonnesche Concert: “Let’s Sing Movies”. Ënnert der Leedung vum Andy Loor, deen no 10 Joer erfollegräicher Choueraarbecht mat dësem Concert „Äddi“ seet, gëtt een onvergiessleche Programm presentéiert.

Op dësem eenzegaartegen Owend erkléngen déi beléiftste Melodien aus der Welt vum Film, dorënner een Disney-Musical-Medley sou wéi déi beandrockend Lidder aus de Filmer „A star is born“ oder „Titanic”. De Jos Majerus suergt um Piano fir déi perfekt musikalesch Begleedung an de Public get matt engem eenzegaartegen Sorround-Toun a Kinostëmmung versaat.

Als Highlight trëtt den Dikrecher Sängerbond zesumme mam Ensemble Vocal Eurocantica op, deen den Andy Loor och wärend ville Joren dirigéiert huet an elo ënnert der Leedung vum Daniel Lang steet. Et gëtt ee Concert voller Emotiounen, Zauber a beweegender Musek, deen zugläich Abschid vum Andy Loor als Dirigent vum Chouer ass.

Verpasst net dëse besonneschen Event, dee souwuel d’Welt vun de Filmer, wéi och ee bedeitende Moment an der Geschicht vum Chouer feiert!

Praktesch Informatiounen :
Datum 1: 03.05.2025 – 20.00 Auer
Datum 2: 04.05.2025 – 17.00 Auer
Wou : Am Festsall vum Dikrecher Kolléisch (av. de la Gare)
Präis: 20€ / 10€ /<12 – gratis
Tickets: tickets.sbd@gmail.com / T: 691 395 115